July 20th, 2024 by Charles Goerens
Wéi gewinnt kucke mir um Enn vun der Plénièreswoch zeréck op d’Highlighte vun de leschten Deeg.
An eisem éischte Récapitulatif vun der neier Legislaturperiod kucke mer wat déi nächst Schrëtt vun der Konstitutioun vum Europaparlament sinn an analyséiere wéi eng grouss Erausfuerderungen déi nächst Joren op d’Europäesch Unioun duerkommen. Vill Spaass beim kucken!
February 14th, 2024 by Charles Goerens
Wéi gewinnt kucke mir um Enn vun der Plénièreswoch zeréck op d’Highlighte vun de leschten Deeg.
An eisem Récapitulatif vum Februar schwetze mir iwwert d’Baureprotester an dem Donald Trump sénge rezenten Aussoen zur NATO. Vill Spaas beim Kucken!
January 18th, 2024 by Charles Goerens
Wéi gewinnt kucke mir um Enn vun der Plénièreswoch zeréck op d’Highlighte vun de leschten Deeg.
Am Récapitulatif vum Januar kucke mir op déi ustoen Europawalen a schwätzen iwwert de Role vun nationale Parlamenter am Europäeschen Entscheedungsmechanismus.
April 25th, 2023 by Charles Goerens
Am Récapitulatif vun dësem Mount schwätze mir iwwer d'Konzept vun der Strategescher Autonomie an dem Xavier Bettel seng Ried am Europaparlament
March 17th, 2023 by Charles Goerens
Am Récapitulatif vun dësem Mount schwätze mir iwwer d'Deportatioun vun ukrainesche Kanner a Russland a kucken, wat d'EU maache kann. Ausserdeem beschwätze mer d'Roll vun der Europäescher Investissiounsbank wann et em d'Rekonstruktioun vun der Ukrain geet.
March 10th, 2022 by Charles Goerens
Och am Mäerz hu mer rem een Interview gemaach, fir iwwer aktuell Sujet'en ze schwetzen. Mir hun iwwer déi russesch Aggressioun an der Ukrain geschwat an iwwer meng Interventioun an der Plénière. Kuckt bis eran!
Och am Mäerz hu mer rem een Interview gemaach, fir iwwer déi aktuell Sujet’en ze schwetzen. Mir hun iwwer déi russesch Aggressioun an der Ukrain geschwat an iwwer meng Interventioun an der Plénière. Kuckt bis eran!
May 17th, 2020 by Charles Goerens
Bréissel 17/05/2020
March 13th, 2020 by Charles Goerens
Bréissel 13/03/2020
Un der Tierkesch-griichescher Grenz ass d’Situatioun ugespaant zënter den tierkeschen President decidéiert huet, d’Grenzen fir Migranten a Flüchtlingen opzemaachen. Wat sinn d’Grënn fir dës Decisioun, wéi ass d’Situatioun anzeschätzen an wéi mussen d’EU Autoritéiten reagéieren? Link zum Video fannt Dir hei.

February 13th, 2020 by Charles Goerens
Stroossbuerg 13/02/2020
D’EU-Kommissioun huet viru Kuerzem hir Propose iwwer d’Reform vum EU-Erweiderungsprozess virgestallt. Si wëll d’Verhandlunge mat Bäitrëttskandidate méi transparent gestalten. Gläichzäiteg setzt Bréissel méi streng Krittären. Mee esou laang d’EU sech net d’Moyene gëtt, fir de Schutz vun de Grondwäerter ze garantéieren, ass se net prett fir d’Erweiderung. Hei meng Aschätzung vun der neier EU-Strategie.

January 20th, 2020 by Charles Goerens
Ee vun de groussen Themen dës Woch zu Stroossbuerg war d’Konferenz iwwer d’Zukunft vun Europa, déi den 9. Mee dëst Joer soll ugoen. Dozou hu mir am Parlament eng Resolutioun gestëmmt fir eis Visioun vun der Konferenz ze verdäitlechen. Mat enger Majoritéit vu bal 500 Stëmmen dofir gouf se ugeholl.
Dës Kéier widme mir eise Stroossbuerg-Video just dëser Konferenz. Vill Spaass beim kucken. Méi Informatioune fannt dir op dëser Säit.
Stroossbuerg 16/01/2020
Ee vun de groussen Themen dës Woch zu Stroossbuerg war d’Konferenz iwwer d’Zukunft vun Europa, déi den 9. Mee dëst Joer soll ugoen. Dozou hu mir am Parlament eng Resolutioun gestëmmt fir eis Visioun vun der Konferenz ze verdäitlechen. Mat enger Majoritéit vu bal 500 Stëmmen dofir gouf se ugeholl.
Dës Kéier widme mir eise Stroossbuerg-Video just dëser Konferenz.
July 19th, 2019 by Charles Goerens
Stroossbuerg 18/07/2019
Dës Woch koum d’Europaparlament fir eng zweete Kéier am Juli zu Stroossbuerg zesummen. An där leschter Sessioun virun der Summerpaus stoung ënnert anerem d’Bestätegung vun der Kandidatin fir d’Presidence vun der Kommissioun, der Ursula von der Leyen, um Programm. Mee awer och an de verschiddenen parlamentaresche Kommissiounen hunn nach missen d’Virsëtz gestëmmt ginn. Fannt hei de Video dozou.
Ech wënschen Iech vill Spaass beim kucken an eng schéi Summervakanz.

July 4th, 2019 by Charles Goerens
Stroossbuerg 04/07/2019
Dës Woch koum dat nei gewielten Europaparlament fir d’éischte Kéier zu Stroossbuerg zesummen. Déi éischt Sessioun stoung ganz am Fokus vun der Verdeelung vun den europäesche Spëtzeposten, déi d‘Staats- a Regierungscheffe parallel zu Bréissel decidéiert hunn.
An enger éischter Phase huet d’Europaparlament säi President an d’Vizepresidente gewielt. An enger zweeter Phase sinn d‘Europadeputéiert dann opgefuerdert d’Kandidatin fir d’Presidence vun der Kommissioun ze bestätegen. …Dat ass an zwou Wochen de Fall, an deenen d‘Ursula von der Leyen sech deenen eenzele Fraktiounen och nach wäert virstellen.
Mir wäerten Iech och weiderhin no all Sessioun zu Stroossbuerg mat engem Iwwerbléck um Lafenden halen.
Fannt hei den éischten, vun zwee Kommentarer vum Mount vu Stroossbuerg am Juli 2019.
Dës Woch koum dat nei gewielten Europaparlament fir d’éischte Kéier zu Stroossbuerg zesummen. Déi éischt Sessioun stoung ganz am Fokus vun der Verdeelung vun den europäesche Spëtzeposten, déi d‘Staats- a Regierungscheffe parallel zu Bréissel decidéiert hunn.
An enger éischter Phase huet d’Europaparlament säi President an d’Vizepresidente gewielt. An enger zweeter Phase sinn d‘Europadeputéiert dann opgefuerdert d’Kandidatin fir d’Presidence vun der Kommissioun ze bestätegen. Dat ass an zwou Wochen de Fall, an deenen d‘Ursula von der Leyen sech deenen eenzele Fraktiounen och nach wäert virstellen.
Mir wäerten Iech och weiderhin no all Sessioun zu Stroossbuerg mat engem Iwwerbléck um Lafenden halen.
Fannt hei den éischten, vun zwee Kommentarer vum Mount vu Stroossbuerg am Juli 2019.
March 28th, 2019 by Charles Goerens
Stroossbuerg 28/03/2019
De Mandat vum Europaparlament geet esou lues op een Enn. Et sti vill Dossieren um Agenda vun där zweetleschter Plenarsëtzung, déi nach mussen ofgestëmmt ginn fir d‘Aarbechten ofzeschléissen.
Ënner anerem ass och d‘Instrument fir Noperschaft, Entwécklung an International Zesummenaarbecht (NDICI) gestëmmt ginn, fir dat ech ee vun de véier Rapporteure war.
Den Text ass mat 420 Stëmmen dofir, 146 dogéint an 102 Abstentiounen ugeholl ginn.
Fannt hei de Site vum Europaparlement mat all den Interventiounen (Mardi 26 mars 2019 – Multimédia par débat) an den offiziellen Pressecommuniqué vum Europäesche Parlament.
Hei de Kommentar vum Mount, wéi och d’Interventioun an der Plenière zu Stroossbuerg.
De Mandat vum Europaparlament geet esou lues op een Enn. Et sti vill Dossieren um Agenda vun där zweetleschter Plenarsëtzung, déi nach mussen ofgestëmmt ginn fir d‘Aarbechten ofzeschléissen.
Ënner anerem ass och d‘Instrument fir Noperschaft, Entwécklung an International Zesummenaarbecht (NDICI) gestëmmt ginn, fir dat ech ee vun de véier Rapporteure war.
Den Text ass mat 420 Stëmmen dofir, 146 dogéint an 102 Abstentiounen ugeholl ginn.
Fannt hei de Site vum Europaparlement mat all den Interventiounen (Mardi 26 mars 2019 – Multimédia par débat) an den offiziellen Pressecommuniqué vum Europäesche Parlament.
Hei de Kommentar vum Mount, wéi och meng d’Interventioun an der Plenière zu Stroossbuerg.
March 14th, 2019 by Charles Goerens
Stroossbuerg 14/03/2019
Kuckt hei mäin neiste Commentaire vum Mount!
De Brexit stoung och dës Woch nees ganz am Mëttelpunkt vun den Debaten, souwuel am britesche Parlament, wéi och bei eis am Europaparlament. Dobäi ass et awer wichteg, dass mir och aner wichteg Themen net aus den Ae verléieren. Mir mussen eis ganz dringend Gedanken iwwer d’Zukunft vun Europa maachen.
Kuckt eran!
December 14th, 2018 by Charles Goerens
Haaptthemen: Den Attentat um Chrëschtmaart, de Brexit an de Sakharovpräis.
Stroossbuerg Sessioun vum Dezember 2018. Haaptthemen: Den Attentat um Chrëschtmaart, de Brexit an de Sakharovpräis.
September 16th, 2016 by Charles Goerens
September 2016
Kuckt de Commentaire hei!
Wéi geet et weider mat der EU?
September 10th, 2015 by Charles Goerens