February 14th, 2024 by Charles Goerens
Wéi gewinnt kucke mir um Enn vun der Plénièreswoch zeréck op d’Highlighte vun de leschten Deeg.
An eisem Récapitulatif vum Februar schwetze mir iwwert d’Baureprotester an dem Donald Trump sénge rezenten Aussoen zur NATO. Vill Spaas beim Kucken!
February 8th, 2024 by Charles Goerens
An der Emissioun vun der DP stellen ech fest, dass et déi Konzentratioun u Problemer, déi mer de Moment an Europa hunn, net mei zanter dem Zweete Weltkrich ginn huet. Dd’Decisiounen, déi mir dëst Joer huelen, hun ee groussen Impakt op déi nächst 50 Joer an Europa.
Hei ze fannen
Routine war gëschter, awer leider vill ze laang. Imaginatioun, Kreativitéit an Determinatioun ass haut, et sief da mir géifen d‘Heft engem aneren wellen an d‘Hand ginn. Ee vun deenen Anere setzt am Kreml. E behaapt e géing d’Erweiderung vun der NATO an der EU fäerten, mee a Wierklechkeet fäert hien d‘Erweiderung vun der Demokratie. E geet zwar mat an d‘Walen, mee mir wësse och elo scho wéi déi Walen ausginn. An Amerika sinn och Walen, do kenne mer den Ausgank zwar nach net, mee sollt den Donald Trump nach ee mol gewannen, an dat maache wat en ugekënnegt huet, dann hätt d‘Ukrain um Enn vum Joer net méi vill ze laachen.
Lo wesse mer awer dass den Ausgank vun dem Konflikt net nëmmen Zukunft vun der Ukrain wäert prägen, mee och d‘International Uerdnung a besonnesch d‘Zesummeliewen op eisem Kontinent. Well een deen do Zenario awer net vu virera kann ausschléissen, solle mer eis och op déi schwéierst a komplizéiertst Situatioun virbereeden, nämlech déi wou mer nemmen zu 27 ganz eleng do stinn. Et geet net mei duer vir ze soen d‘Fräiheet huet kee Präis, well se kascht awer am endeffekt eppes. Se kascht eis méi wei déi 50 Milliarden déi mer elo laang a penibel am Zickzack Kurs de leschten Donneschdeg zu Bréissel hikritt hunn. Se kascht eis net nëmme Geld, se verlaangt och vun eis eng Upassung vun der Manéier wei mer funktionéieren an der EU. Se verlaangt dass mer denen Erpresser déi sech hannert der Eestëmmegkeet verstoppen d’Rout Kaart weisen. Se verlaangt dass wa mer schonn verschiddenen Länner e Beitrett an d‘EU verspriechen, dat ass och gutt esou, mee dass mer déi Promesse réicht kennen haalen wa mer och funktionsfäheg sin, fir dat hinzekreien. Se verlaangt un éischter Stell dass déi aktuell 27 Membere vun der EU sech sou organiséieren, dass se mat där rasanter internationaler Entwécklung kenne Schrëtt halen. Se verlaangt dass mer zu 28, 30 oder 35 net nëmmen an der Lag sinn den europäesche Bannemaart ze gestalten, mee se verlaangt och dass mer an enger erwiederter EU zesumme mei staark si wei lo.
Vun all deenen Upassunge vun deenen elo riets goung gëtt et keng eng déi net elo scho misst resolut ugepaakt ginn. An der Ausernanersetzung bis den 9. Juni, wou mer een neit Europäescht Parlament wielen, wäerten mer op där enger Säit Fraen a Männer hun, déi fir eng funktiounsfäheg Unioun sin, nenne mer se mol einfach d’Verteideger vun eiser fräiheetlecher, toleranter, oppener a solidarescher Gesellschaft. Déi di Upassungen oofleenen an net bereet sinn déi Efforten un ze goen, déi dëse Kontinent brauch fir seng Fräiheet a Rechtsstaatlechkeet ze festegen, déi wäerte sech profiléiren als Doudegriewer vun der gemeinsamer europäescher Aventure, eng Aventure déi konnt bis elo Fräiheet, Wuelstand a Respekt vun der mënschlecher Dignitéit garantéieren. Mir wëllen zu deene geheiren, déi zesummen och mat anere politesche Kräften dat do weider ennerstetzen.
Ofschleissend sierf bemierkt dass d’Politik, ech mengen déi responsabel Politik, zwar eng fundamental Ausriichtung wat den obligatoreschen Respekt vun eisen gemeinsamen Wäerter ubelaangt, nett muss a Fro stellen, mee d’Method wéi d’Politik gemeet gett muss iwwerduecht ginn. D’Baureprotester vun de leschte Wochen leiren eis, dass eng gemeinsam Agrarpolitik déi net mei verstaanen gett, zu engem ganz déiwe Malaise féiert. Wann déi Protestbeweegung vu ganz ville Bierger verstaan an ennerstetzt gett weist daat dass d’Kommissioun, an d’Kommissioun un éischter Stell, een Effort vun Dialog a Kooperatioun sollt beweisen. Soss fir alleng bei desem Beispill ze bleiwen gett d’Vetrauen an d’EU menacéiert an dat wir net gutt fir de Fortbestand vun deenen 27.
Hei ze fannen
January 18th, 2024 by Charles Goerens
Wéi gewinnt kucke mir um Enn vun der Plénièreswoch zeréck op d’Highlighte vun de leschten Deeg.
Am Récapitulatif vum Januar kucke mir op déi ustoen Europawalen a schwätzen iwwert de Role vun nationale Parlamenter am Europäeschen Entscheedungsmechanismus.
April 25th, 2023 by Charles Goerens
Am Récapitulatif vun dësem Mount schwätze mir iwwer d'Konzept vun der Strategescher Autonomie an dem Xavier Bettel seng Ried am Europaparlament
March 10th, 2022 by Charles Goerens
Och am Mäerz hu mer rem een Interview gemaach, fir iwwer aktuell Sujet'en ze schwetzen. Mir hun iwwer déi russesch Aggressioun an der Ukrain geschwat an iwwer meng Interventioun an der Plénière. Kuckt bis eran!
Och am Mäerz hu mer rem een Interview gemaach, fir iwwer déi aktuell Sujet’en ze schwetzen. Mir hun iwwer déi russesch Aggressioun an der Ukrain geschwat an iwwer meng Interventioun an der Plénière. Kuckt bis eran!
September 19th, 2020 by Charles Goerens
Lëtzebuerg 22/09/2020
Eng Analys vun der Kommissiounspresidentin Ursula Von der Leyen hirer Ried zur Lag vun der Unioun. E Reportage vum Danièle Weber um 100,7.
Eng Analys vun der Kommissiounspresidentin Ursula Von der Leyen hirer Ried zur Lag vun der Unioun. E Reportage vum Danièle Weber um 100,7.
September 15th, 2020 by Charles Goerens
Lëtzebuerg 15/09/2020
De politesche Programm ass momentan gutt gefëllt. Am RTL Interview de Moien hunn mir net nëmme d’Covid19 Pandemie diskutéiert, mee och aner politesch Themen déi am Moment vun zentraler Wichtegkeet sinn, national an international. Den Interview mam Frank Goetz fannt dir hei.

September 11th, 2020 by Charles Goerens
Bréissel 11/09/2020
Och déi éischt Session en plénière vum Europaparlament nom Summer gëtt wéinst der Covid19 Pandemie weiderhin zu Bréissel ofgehale, opwuel de Siège dem Traité no zu Stroossbuerg ass. Fannt dozou e Bäitrag vum Danièle Weber um 100,7.

September 7th, 2020 by Charles Goerens
Lëtzebuerg 07/09/2020
Säit zwee Méint protestéieren d’Bierger a Bulgarie géint Korruptioun a fir de Respekt vun der Rechtsstaatlechkeet. Et ass dëst nach e Beispill, dass sech d’Memberstaaten mussen op kloer Reegele verstännege fir de Rechtsstaat dauerhaft duerchzesetzen. Lauschtert dozou mäin Interview mam Bill Wirtz um RTL.

June 12th, 2020 by Charles Goerens
Lëtzebuerg 12/06/2020
Fannt hei eng Reportage vum Bill Wirtz um RTL iwwert meng Initiative am Europaparlament eng Enquête ze lancéieren déi opklären soll a wéi enge Punkten d’Autoritéiten zu Ischgl falsch gehandelt hunn an wéi et zu sou enger Infektiounswell konnt kommen.

May 20th, 2020 by Charles Goerens
Lëtzebuerg 20/05/2020
Ee Joer no den Europawalen, hunn ech mam Lëtzebuerger Journal driwwer geschwat, wat mech an deem Joer am meeschte gepräägt huet, a wat déi gréissten Erausfuerderunge vun der EU sinn.
Ee Joer no den Europawalen, hunn ech mam Lëtzebuerger Journal driwwer geschwat, wat mech an deem Joer am meeschte gepräägt huet, a wat déi gréissten Erausfuerderunge vun der EU sinn.
April 17th, 2020 by Charles Goerens
Lëtzebuerg 17/04/2020
Fannt hei d’Diskussioun déi ech mam Marc Angel a mam Isabel Wiseler-Lima hat iwwer d’Mesuren, déi d’EU am Kader vun der aktueller Coronakris ergraff huet.
Fannt hei d’Diskussioun déi ech mam Marc Angel a mam Isabel Wiseler-Lima hat iwwer d’Mesuren, déi d’EU am Kader vun der aktueller Coronakris ergraff huet.
April 7th, 2020 by Charles Goerens
Bréissel 07/04/2020
Liest hei e gemeinsame Statement zur Coronakris vun de 6 Lëtzebuergeschen Europadeputéierten. Mir sinn eis eens, dass méi séier a méi effektiv hätt kënnen op dës Kris reagéiert ginn, wann d’EU am Gesondheetswiese méi Kompetenzen hätt.

March 30th, 2020 by Charles Goerens
Bréissel 30/03/2020
Fir déi wirtschaftlech Konsequenze vun der Krise z’iwwerwannen, brauche mir dringend méi europäesch Solidaritéit. Ee Moyen kéint en gemeinsaamt Scholdeninstrument sinn, déi sougenannt Coronabonds. Meng Erklärungen dozou fannt Dir
hei.

March 19th, 2020 by Charles Goerens
Bruxelles 19/03/2020
L’Union européenne reste un projet de paix basé sur les valeurs. Mais elle souffre. Elle doit se ressaisir et trouver un nouvel élan. Voici mon interview avec la journaliste Lila Lefèvre sur le futur du projet européen.

March 5th, 2020 by Charles Goerens
Bréissel 05/03/2020
De Coronavirus huet e staarken Impakt op d’Wirtschaft: Europa muss sech op méi schwéier Zäite preparéieren. Lauschtert hei mäin Interview op RTL Lëtzebuerg.
De Coronavirus huet e staarken Impakt op d’Wirtschaft: Europa muss sech op méi schwéier Zäite preparéieren. Lauschtert hei mäin Interview op
RTL Lëtzebuerg.
February 7th, 2020 by Charles Goerens
Bréissel 07/02/2020
Am Géigesaz zu der Chinesescher “Belt-and-Road” Strategie, berout déi Europäesch Entwécklungspolitik op dem Respekt vun de Mënscherechter. Dofir wier et wichteg gewiescht, datt d’EU sech vun Ufank un un der Seidestrooss bedeelegt hätt. Fannt hei mäin Interview fir RTL Lëtzebuerg.

February 3rd, 2020 by Charles Goerens
Bruxelles 03/02/2020
“La mémoire doit laisser la place à l’histoire. Il faut établir les faits et avoir des ancrages bien précis pour s’engager dans un discours.” Avec mon collègue Emmanuel Maurel, j’ai discuté sur la déformation de l’histoire et le rôle de la mémoire. Voici le podcast, diffusé sur Ouest-France.

November 13th, 2019 by Charles Goerens
Bréissel 13/10/19
Lauschtert hei mäi lëschten Interview um RTL iwwer déi europpäesch Flüchtlingspolitik, déi momentan leider nach net besser ginn ass.
Lauschtert hei mäi lëschten Interview um RTL iwwer déi europpäesch Flüchtlingspolitik, déi momentan leider nach net besser ginn ass.
June 20th, 2016 by Charles Goerens
20/06/2016
Kuckt hei dem Maurice Molitor säi Chamber TV Aktuell Interview mat mir iwwer den EU Referendum a Groussbritannien, den dësen Donnëgde statt fënnt.
Kuckt hei dem Maurice Molitor säi Chamber TV Aktuell Interview mat mir iwwer den EU Referendum a Groussbritannien, den dësen Donnëgde statt fënnt.
June 1st, 2016 by Charles Goerens
Bruxelles, 01/06/2016
Kuckt Iech den Interview vum Mount mam Jean-Marie Cavada un, engem franséiche liberale Parlamentarierkolleg, den bekannt gouf als franséiche Journalist a virun allem duerch seng Emissioun La Marche du Siècle
Kuckt Iech den Interview vum Mount mam Jean-Marie Cavada un, engem franséiche liberale Parlamentarierkolleg, den bekannt gouf als franséiche Journalist a virun allem duerch seng Emissioun La Marche du Siècle.
April 12th, 2016 by Charles Goerens
Stroossbuerg, 12/04/2016
Kuckt de Vidéo hei!
Ech hu mam franséichen Europadeputéierten Arnaud Danjean iwwer Europa a Sécherheetspolitik geschwat.
Kuckt de Vidéo hei!
March 11th, 2016 by Charles Goerens
Strasbourg, 09/03/2016
Ech hun an dëser Editioun vum Interview vum Mount mat menger Kollegin Nathalie Griesbeck iwwer den aktuellen Zoustand vun der EU geschwat.
Kuckt de Video hei!
Ech hun an dëser Editioun vum Interview vum Mount mat menger Kollegin Nathalie Griesbeck iwwer den aktuellen Zoustand vun der EU geschwat.
Kuckt de Video hei!